Sandweiler Solidaritéit: 1.000 € fir d’Jugendhaus

PUBLIÉ LE 05/06/2026

Op Initiativ vun der Kommissioun fir Soziales an Inklusioun konnten net manner wéi 1.000 € un d’Jugendhaus iwwerreecht ginn. Dës Zomm setzt sech aus benevollen Donen zesummen, déi vun de Sandweiler Leit an enger Spuerkëscht bei Geleeënheeten ewéi dem Picknick an dem Solidareschen Dag 2025 gesammelt goufen.

Mat dësem Don kënnt d’Ënnerstëtzung direkt der Sandweiler Jugend zegutt. D’Sue sollen dozou bäidroen, datt all Jonken d’Méiglechkeet huet, vun den Aktivitéiten an der Offer vum Jugendhaus ze profitéieren – besonnesch dann, wann eng perséinlech Participatioun oder ee finanzielle Bäitrag gefrot ass.

Fir dëse soziale Geste z’ënnerstëtzen, hunn d’Gemengeverantwortlech decidéiert, de gesammelte Montant vu 536 € op 1.000 € opzeronnen.

D’Kommissioun fir Soziales an Inklusioun an d’Gemeng soen allen Donateuren e grousse Merci fir hir Generositéit an hir Solidaritéit.