Sandweiler certifiée Argent au Klimapakt-Dag 2026 et résolument en route vers le Klimapakt Gold

PUBLIÉ LE 21/05/2026

FR: 

Sandweiler certifiée Argent au Klimapakt-Dag 2026 et résolument en route vers le Klimapakt Gold

Notre commune poursuit ses engagements dans la transition énergétique et la décarbonation de son territoire et a été mise à l’honneur lors du Klimapakt-Dag 2026 avec l’obtention de la certification Klimapakt – niveau argent 65 %, grâce à un score remarquable de 73,5 %. Cette reconnaissance confirme les efforts réalisés ces dernières années pour intégrer les enjeux climatiques, énergétiques et environnementaux dans le développement communal.

Parmi les projets structurants actuellement engagés figure notamment le projet d’envergure « Sandweiler – Fit fir d’Zukunft », l’élaboration d’une stratégie territoriale d’économie circulaire et de principes directeurs climat. Ces démarches permettent d’inscrire Sandweiler dans une logique responsable et de se tourner vers un avenir durable.

Un autre axe important concerne l’analyse de la durabilité des bâtiments communaux, réalisée à l’aide de l’outil “Baucheck” de Klima-Agence, ainsi que la modernisation de la structure intelligente de comptage et de monitoring. Cette approche permet d’évaluer les projets selon des critères plus larges que les seuls aspects techniques ou financiers : performance énergétique, choix des matériaux, impact à travers le cycle de vie du projet, confort d’usage, adaptabilité et durabilité à long terme.

Avec un score de 73,5 %, Sandweiler est désormais tout proche du seuil du Klimapakt Gold, fixé à 75 %. La certification argent est donc à la fois une reconnaissance du chemin parcouru et un véritable tremplin pour la prochaine étape. Les efforts engagés montrent que la commune dispose d’une dynamique solide, mais les prochaines années permettront d’aller encore plus loin !

LU: 

Eis Gemeng setzt hiert Engagement an der Energietransitioun an an der Dekarboniséierung vun hirem Territoire konsequent weider a gouf um Klimapakt-Dag 2026 mat der Klimapakt-Zertifizéierung – Niveau Sëlwer 65 % ausgezeechent, dank engem staarke Score vun 73,5%. Dës Unerkennung confirméiert déi Efforten, déi an de leschte Jore gemaach goufen, fir de Klimapakt konsequent an déi kommunal Entwécklung ze integréieren.

Zu de strukturéierende Projeten, déi aktuell ëmgesat ginn, gehéieren ënner anerem de groussen Zukunftsprojet „Sandweiler – Fit fir d’Zukunft“, d’Ausschaffe vun enger territorialer Strategie fir d’Kreeslafwirtschaft an d’Klimaleitbild vun der Gemeng. Dës Demarchen hëllefen, Sandweiler an eng verantwortungsvoll Logik anzebannen an d’Gemeng op eng nohalteg Zukunft auszëriichten.

En anere wichtege Schwéierpunkt ass d’Analys vun der Nohaltegkeet vun de kommunale Gebaier, déi mat Hëllef vum „Baucheck“ vun der Klima-Agence duerchgefouert gëtt, souwéi d’Moderniséierung vun der intelligenter Zieler- a Monitoringstruktur. Dës Approche erméiglecht et, Projeten no méi breede Krittären ze bewäerte wéi nëmmen technesch oder finanziell Aspekter: Energiekonzept, Materialwiel, Impakt iwwer de ganze Liewenszyklus vum Projet, Benotzerconfort, Adaptabilitéit an Nohaltegkeet op laang Siicht.

Mat engem Score vun 73,5 % ass Sandweiler elo ganz no um Seuil vum Klimapakt Gold, dee bei 75 % läit. D’Sëlwer-Zertifizéierung ass dofir gläichzäiteg eng Unerkennung fir de Wee, dee schonn zeréckgeluecht gouf, an e richtegt Sprangbriet fir déi nächst Etapp. Déi engagéiert Efforte weisen, datt d’Gemeng eng staark Dynamik huet — an déi nächst Jore wäerten et erlaben, nach méi wäit ze goen!