Ofgesot: Picknick 2026

PUBLIÉ LE 22/06/2026

Wéinst der aussergewéinlecher Hëtztwell an de virausgesoten héijen Temperaturen huet de Schäfferot decidéiert, de Picknick 2026 ofzesoen.

Dës Decisioun gouf getraff, fir d'Sécherheet an d'Wuelbefanne vun alle Participanten ze garantéieren.

Mir soen all de Mataarbechter, Benevollen, Veräiner a Partner villmools Merci fir hiren Engagement an hir Virbereedungen.

Mir hoffen, Iech am Joer 2027 ënner bessere Konditiounen erëm bei dësem flotte Rendez-vous begréissen ze kënnen.

Merci fir Äert Versteesdemech.

De Schäfferot