Nationalfeierdag 2026: Sandweiler huet zesumme gefeiert

PUBLIÉ LE 26/06/2026

Den Nationalfeierdag 2026 zu Sandweiler war e grousse Succès. Bei schéinem Summerwieder hu vill Biergerinnen a Bierger un de Festivitéiten deelgeholl an domat zu enger flotter a convivialer Ambiance bäigedroen.

Den offiziellen Deel vum Dag huet mam traditionelle Cortège ugefaangen, gefollegt vum Te Deum an dem Dépôt de gerbe beim Monument aux morts. Uschléissend huet de Buergermeeschter Claude Mousel am Centre culturel seng Usprooch gehalen, ier d’Gemeng op en Éierewäin invitéiert huet.

Am Laf vum Nomëtteg konnten d’Visiteuren e villfältege Programm genéissen. Nieft der musikalescher Animatioun duerch Vocals on Tour a Simply2 gouf et och vill Attraktioune fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener. Och fir dat kulinarescht Wuel war mat de verschiddene Stänn a Foodtrucks beschtens gesuergt. Wéinst dem waarme Wieder huet d’Gemeng Waasser gratis zur Verfügung gestallt.

D’Gemeng Sandweiler seet alle Matwierkenden, Veräiner, Kënschtler, a Prestatairen e grousse Merci, déi zum gudde Verlaf vun dësem flotten Dag bäigedroen hunn.

De kompletten Album fannt dir hei.

📸 (c) Vic Fischbach