Claude Mousel um Buergermeeschterdag op der Schueberfouer
PUBLIÉ LE 01/09/2026
En Dënschdeg, de 25. August 2026, war nees den traditionelle Buergermeeschterdag op der Schueberfouer.
Och de Sandweiler Buergermeeschter Claude Mousel war dëst Joer mat dobäi. An der Friture Joslet huet hien zesumme mam Jean Weiler, Buergermeeschter vu Kayl-Téiteng, an dem Jean Marie Jans, Buergermeeschter vu Beetebuerg, fir e gudden Zweck zerwéiert.
Beim Buergermeeschterdag tauschen d’Buergermeeschteren aus dem ganze Land fir een Owend hire Schreifdësch géint d’Schiertech an hëllefen an de Restauranten a Buden op der Schueberfouer mat. Dëst Joer waren insgesamt 54 Buergermeeschteren dobäi.
Nieft der geselleger Atmosphär steet virun allem de gudden Zweck am Mëttelpunkt: Am Kader vum Buergermeeschterdag konnt dëst Joer e Scheck vun 6.000 Euro un d’Lëtzebuerger Rout Kräiz iwwerreecht ginn.