Bass du tëschent 12 a 25 Joer al? Hues du Loscht op cool Aktivitéiten? Fënns du et flott, aner Jugendlecher ze begéinen, ze diskutéieren, Informatiounen ze kréien an en oppent Ouer ze fannen? Hues du scho vum neie Jugendhaus vu Sandweiler héieren? Wa jo, oder wann all dëst dech intresséiert, da komm an d'Jugendhaus: op Nummer 113, an der Itzeger Strooss, 5231 Sandweiler (am Pompjeesbau) Fir all zousätzlech Informatiounen, mell dech beim Vanessa Wirtz, där Verantwortlecher vum neie Jugendhaus op der Nummer 621 386 497
|