08

décembre

Makadammen (Turlatäin)

  Manifestation

Date:
08 décembre 2017
Horaire:
20:00 à 22:15
Localité:
20, rue Principale L-5240 Sandweiler

Entrée: 15€

E ronne Gebuertsdag steet an d’Haus. Gefeiert gëtt en „toute intimité“, am engste Familjekrees. Eng gutt Geleeënheet fir sech erëm ze gesinn, a sech esou ze gi wéi ee wierklech ass.  Et gesäit jo keen et. Et ass ee jo ënnert sech. A wat an der Famill geschitt, geet déi aner näischt un. Et gëtt debatéiert, philosophéiert, beschass , gestridden, gelaacht , gesongen an et ass een ëmmer erëm iwwerrascht iwwert deem anere seng Naupen a Gewunnechten, obschonns ee gemengt huet, et géif een déi besser kenne wéi seng eege Boxentäsch, jee…….en Turlatäin ouni Enn.

Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor
Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener
Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor
Regie: Jacqueline Posing
Dekor: Christian Klein
Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel
Affiche a Fotoen: Pitt Becker
Beliichtung an Technik: On Stage Light