Publié le 01 décembre 2017

Sandweiler Chrëschtmäertchen 2017

 Administration communale

Kommt a feiert mat eis um traditionelle Sandweiler Chrëschtmäertchen op der Duerfplaz Jemp Stein.

Lass geet et e Freideg, de 15. Dezember 2017 um 17.00 Auer mat enger Glühwäin-Happy-Hour bis 18.00 Auer. Musikalesch gëtt den Owend begleed mat "Vocals on Tour" vun 19.00 - 22.00 Auer.

Samschdeg, de 16. Dezember 2017 fäenke mer um 18.00 Auer un. Den Duo "Kastelan-Jay" spillen vun 19.00 - 22.00 Auer.

10 Stänn mat Iessen, Gedrénks an Decoratioun waarden op Iech.

D'Sandweiler Veräiner freeën sech op äere Besuch.