Publié le 27 septembre 2017

Porte ouverte vum Bësch Kierfecht zu Mutfert

 Administration communale

D‘Schäfferéit vun de Gemenge Conter, Nidderaanwen, Sandweiler, Schëtter a Waldbriedemes invitéieren Iech ganz häerzlech op d‘Porte ouverte vum éischte Bëschkierfecht an eiser Regioun.
Samschteg, den 30. September 2017 um 15.30 Auer zu Mutfert op der route de Remich (bei der Zuchbréck).

  • Begréissung a Virstellung vum Projet Bëschkierfecht
  • Visites guidées um 16.00 / 16.30 / 17.00 a 17.30 Auer

D’ Gemeng Conter offréiert e Patt an e klenge Maufel.